BAND Glyphosat

12/05/2021
BAND Glyphosat
Play

Zanter dem 1. Januar 2021 ass den Asaz vu Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Eng wierklech Alternativ zum Glyphosat hunn d’Baueren allerdéngs net. Lëtzebuerg importéiert awer e groussen Deel vu senge Liewensmëttel, souwuel aus der EU, ewéi och aus Länner, déi net zu der Europäescher Unioun gehéieren.... a wou d’Benotze vum Glyphosat eben net verbueden ass. Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen mëscht sech an enger parlamentaresch Fro dofir ënner anerem Suergen ëm d'Kontroll vun Glyphosat-Réckstänn an ëm eng deloyal Konkurrenz duerch d’Baueren aus dem Ausland, Diana Hoffmann