Wellebriecher Ethikkommissioun
12/05/2021

Déi national Ethikkommissioun rechent domadder, datt si bis Péngschten en Avis ka virleeën iwwer d'Fro op verschidde Beruffsgruppen prioritär solle geimpft ginn. Dat seet d'Julie Suzanne-Bausch, d'Presidentin vun där consultativer Kommissioun. Dëse Gremium ass jo, den Ament, eng drëtte Kéier an der Pandemie, vun der Regierung mat enger grondsätzlecher Diskussioun saiséiert ginn. D'Julie-Suzanne Bausch betount am RTL Podcast Wellebriecher awer och, datt d'Ethikkommissioun net wëlles huet hire Fokus z'änneren, Dany Rasqué.
