Mir maache Glace - An der Biscuiterie vum Parc Belair
18/05/2021

Mokka, Schockela, Vanill oder awer léiwer Äerdbier? Oder vläicht méi eng speziell Zort wéi Stracciatella, oder Menthe? Vläicht och einfach e gudde frësche Sorbet? Et ginn awer och ganz ausgefalen Zorten, mat Stécker Kuch dran, mat Alkohol, oder och mat Karamell. Michèle Schons, du hues d'Schiertech schonn un a méchs eis eng gutt Glace de Moien?
