Maison de l'orientation: Virun engem Mount sinn all Servicer geplënnert

19/05/2021
Maison de l'orientation: Virun engem Mount sinn all Servicer geplënnert
Play

Wien bis elo d'Maison de l'orientation op Nummer 12-14 Avenue Emile Reuter kannt huet, deen muss sech vun elo un ëm gewinnen. Déi nei Ulafplaz mat all hiren Servicer ass zanter dem 20. Abrëll op Nummer 29 rue Aldringen ze fannen. Eisen RTL-Reporter ass haut bis laanscht schelle gaangen a kuckt sech e bësschen ëm op wéi eng Manéier een sech orientéiere loosse kann.