Maison de l'orientation: Hei hu se d'Äntwerten op är wichtegst Froen
19/05/2021

Muer ass RTL Jobdag, an do kann ee sech och de ganzen Dag orientéieren fir déi Plaz ze fannen déi bei een passt. A genee sou eng Adresse gëtt et och elo ganz nei wou een mat ville Froen um Gesiicht erakënnt a beschtens informéiert d'Gebäi um Nummer 29 rue Aldringen verléisst. Et gëtt souguer zwou verschidden Entréeë fir eran, an dann fënnt een op 5 Stäck, 6 verschidden Servicer déi Iech opklären.
