Norbert Eilenbecker Résumé
20/05/2021

Zanter 25 Joer baut den Norbert Eilebecker Industrie-Hanf zu Kalber am Éislek un an ass domadder Pionéier hei am Land. Zesumme mat sengem Associé, dem André Steinmetz, huet hien d'Societéit Cannad'Our gegrënnt. Iwwer den Notzen vum Hanf, d'Wierkung vum CBD den aus dem Hanf gewonnen gëtt an iwwer d'Legaliséierung vum Cannabis goung de Moien rieds mam Invité vun der Redaktioun. An do muss een fir d'éischt ënnerscheeden tëscht dem Hanf an dem Cannabis, Annick Goerens.
