De Serge Tonnar an der Rockhal

22/05/2021
De Serge Tonnar an der Rockhal
Play

600 Léit zesummen an der Rockhal, dat ass scho bal net ze gleewen, ma gëschter Owend gouf deen éischte grousse Concert no laanger Zäit organiséiert. Fir de Serge Tonnar a seng Trupp a natierlech och fir déi sëllech Spectateure war et en Owend wei een se scho laang net méi hat. Natierlech huet een sech och missen teste loossen, iert et lass goung huet jidderee misse virun der Dier en Antigen-Test maachen. De Loïc Juchem huet sech fir eis ënnert d'Leit gemëscht an huet de Bols gefillt.