Päischtdënschdeg zu Iechternach: ouni Sprangpressessioun

25/05/2021
Päischtdënschdeg zu Iechternach: ouni Sprangpressessioun
Play

De Programm op Päischtdënschdeg ass zanter Joren dee selwechten. Dat ass deen Dag wou sech net nëmmen d'halleft Land zu Iechternach begéint, mä wou doriwwer eraus och vill Pilger aus Däitschland an Holland an der Abteistiedchen empfaangen ginn. Nom leschte Joer, wou d'Sprangprëssessioun bedéngt duerch de Covid schonn komplett ausgefall ass, wäert och 2021 net an den Iechternacher Gaassen gesprongen ginn. De Patrick Greis huet sech nawell dohinner deplacéiert.