Fraen an der Resistenz

27/05/2021
Fraen an der Resistenz
Play

Déi lëtzebuergesch Fraen hunn eng wesentlech Roll an der Resistenz géint Nazidäitschland gespillt. Eng Roll, déi dacks immens geféierlech war, mee fir déi si laang keng würdeg Unerkennung kruten. Den Escher Resistenzmusée huet dowéinst gëschter an engem Themenowend un déi vill Fraen erënnert, déi sech net nëmmen couragéiert, mee och ganz ruséiert géint déi friem Besatzung gewiert hunn. Monica Camposeo