Am Autosgarage: Am Beräich vun der Carrosserie

27/05/2021
Am Autosgarage: Am Beräich vun der Carrosserie
Play

600 Leit schaffen hei am Land an de 5 Garage vu Merbag, dorënner natierlech och vill Mecanicienen a Mecatroniker. Fir dësen Job interesséiert sech eise RTL Reporter Loïc Juchem haut de Moien, hien ass um Site zu Hollerech ënnerwee a wëll dernieft erausfanne wat alles do passéiert. Wéi laang dauert d'Ausbildung fir e Mecanicien ze ginn? Wat muss een dofir alles kënnen a ginn et eigentlech och Fraen déi un den Auto schrauwen? Mat deene Froen hu mir de Loïc de Moien erausgeschéckt a puer Äntwerten huet hien elo scho fir eis.