Am Autosgarage: En Dramberuff an en Dramauto

27/05/2021
Am Autosgarage: En Dramberuff an en Dramauto
Play

Bei Merbag zu Hollerech ass eise RTL Reporter de Moien. 3 Joer dauert d'Léier fir Mecanicien ze ginn an et wier e Beruff deen nach ëmmer vu ville jonke Léit gäre gemaach géing ginn. Vue datt et och ëmmer méi elektronesch Gefierer gëtt, ginn och ëmmer méi Mechatroniker gebraucht. Dat sinn déi Mecanicienen déi sech och nach besonnesch gutt mam Elektreschen auskennen. An dësem Reportage huet de Loïc Juchem de José kennegeléiert an ass ënnert anerem gewuer gi wéi, datt d'Autoen zu Hollerech mat der Faarf besprëtzt ginn. Dat ass nämlech e ganze Prozess, dee stonnelaang dauert. Wann ee wëll, kann een sech seng Maschinn souguer a senger Dramfaarf bestellen.