D'Zuel vun de jonke Leit déi fëmme geet nees an d'Luucht!
31/05/2021

Méi wéi 1 Véierel vun den Awunner iwwer 16 Joer hei am Land huet d'lescht Joer gefëmmt. 17% Prozent vun hinne gräife souguer all Dag zu der Zigarett. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi d'TNS Ilres all Joer fir d'Fondation Cancer duerchféiert, a bei där 3.019 Leit befrot gi sinn déi hei wunnen. Erschreckend bei de Resultater ass de Constat, dass ronn een Drëttel vun den 18 bis 24 Järegen 2020 gefëmmt hunn, bei de 25 bis 34 Järege souguer 35%. Nicky Soisson.
