Trucks zu Lëtzebuerg: De Barbertruck
01/06/2021

Net nëmme kann een sech am Bicherbus seng Bicher ausléinen oder an engem Foodtruck eppes Guddes iessen, zu Lëtzebuerg gëtt et och Coiffeursalon op Rieder. De Barbertruck vum Ken Kries gëtt et elo zanter 2018 a seng Clientèle wiisst a wiisst. Eisem RTL Reporter Loïc Juchem huet hien d'Geheimnis vu sengem Erfolleg verroden an huet ënnert anerem och iwwert de Miralam Pjanic geschwat, dëse gëtt nämlech vum Ken reegelméisseg friséiert.
