Band JM Cloos(GOERENS)
01/06/2021

D’Psychiater sinn net d’Accord mat de parallelen Garden am CHL an um Kierchbierg. Vun haut un hu béid Spideeler daagsiwwer gläichzäiteg d’Urgencen op, bis 2024 soll dat ronderëm d’Auer de Fall sinn. Et hätt ee gesot "net mat eis", sot de Moien hei op der Antenn den Direkter vun der Psychiatrie um Kierchbierg den Dr Jean-Marc Cloos. Hie war Invité vun der Redaktioun. Bei der Psychiatrie géing et nämlech duergoen wann daagsiwwer een Dokter Garde hätt, Annick Goerens
