D'Frittebud um Banzelt: Méi wéi 30 Joer op der selwechter Plaz
02/06/2021

Wou kommen d'Fritten hier? D'Äntwert ass kloer. Aus der Belsch, a vun do hu se d'ganz Welt eruewert, an déi goldgiel frittéiert Stäbercher sinn aus bal kenger Kichen méi ewech ze denken. Wann een Kanner eng Freed maache wëll, kommen Fritten op den Dësch an och déi Erwuessen zappen se gären an de Ketchup oder d'Mayonnaise, och wann d'Ernierungsberoder do bestëmmt net sou frou domadder sinn. Eisen RTL Reporter hëlt eis haut mat op de Banzelt, wou eng Frittebud schonn zanter 1990 hier Clientèle fënnt.
