Resumé vun der Emissioun Kloertext vu Gëschter

04/06/2021
Resumé vun der Emissioun Kloertext vu Gëschter
Play

Gëtt et méi Cybermobbing a méi Gewalt bei Jonken?Déi Fro huet d'Caroline Mart um Donneschden den Owend am Kloertext gestallt. Enn Mee hat jo e Video den Tour vum Land gemeet an deem ee gesinn huet wéi e Schüler vun anere Jonken erniddregt a brutal vun hannen ugegraff gouf. Mobbing gëtt et scho méi laang, Cybermobbing ass nach méi en neie Phänomen, allebéid kënnen se bei den Affer schro Narben hannerloossen, Dany Rasqué.