Beim Premier: E Moien am Staatsministère

08/06/2021
Beim Premier: E Moien am Staatsministère
Play

Eisen RTL Reporter hat gëschter eng besonnesch Missioun! Hie gouf an de Staatsministère convoquéiert, net well de Loïc Juchem elo eng politesch Karriär ustrieft, mee ganz einfach well hien eise Premier Xavier Bettel gëschter de ganzen Dag begleet huet. Mir wëllen  einfach mol wësse wéi den Alldag vum Staatsminister ausgesäit,  ma et muss een awer och betounen, datt keen Dag d‘selwecht ass. An awer interesséiere mer eis dofir, um wéi vill Auer et de Moie lass geet a wéini Feierowend ass? A wat geschitt eigentlech tëscht deene sëllege Rendezvous‘en déi den Dag iwwer sou sinn? Froen op déi et haut am RTL Wecker op alle Fall Äntwerte wäert ginn.