Beim Premier: Op enger Aweiung

08/06/2021
Beim Premier: Op enger Aweiung
Play

De ganze Moien iwwer hutt der scho puer Impressioune vun eisem Dag mam Staatsminister héieren. Eisen RTL Reporter huet hie gëschter begleet a war och mat op eng Aweiung. Well och déi vill ëffentlech Eventer sinn e groussen Deel vun der Aarbecht vun engem Premier. Elo duerch d‘Corona-Pandemie waren et der bësse manner, ma lues a lues stinn nees méi Rieden an Aweiungen um Programm. Gëschter gouf de MeluXina ageweit, dëst ass e sougenannte Supercomputer. En Event bei dem also nees vill Leit op de Grand-Duché gekuckt hunn a wou et dem Premier seng Missioun ass eist Land sou gutt et geet no baussen ze verkafen. Mam Loïc am Gepäck ass et vu Senneng direkt op Biissen gaangen.