Expo mat alen Trakteren zu Dikrech am Oldtimermusée
09/06/2021

Dikrech ass bekannt fir seng 3 Muséeën. De Militärmusée mat ronn 3.000m2. De Geschichtsmusée mam groussen Réimer-Mosaik an Skeletter, an den Conservatoire National de Véhicules Historiques, wou d'Ausstellungen ëmmer op 6 Méint limitéiert sinn. Aktuell kann een do eng schéin Expo mat alen Trakteren bewonneren. Wéi no een deene Gefierer kënnt a wéi eng déi ausgefalenst Modeller sinn wollt eisen RTL Reporter erausfannen.
