Large Scale Test an der Kritik
16/06/2021

De Laboratoire Bionext vu Leideleng fäert ëm seng Zukunft, duerch déi nei Ausriichtung vum Large Scale Testing. D'Regierung hat jo d'lescht Woch annoncéiert, datt een deemnächst keng Invitatioun méi brauch fir an den LST ze goen, mä datt d'Leit sech -op Rendezvous- do gratis kënnen teste loossen. Tester, déi awer exklusiv vun de Laboratoires réunis gemeet ginn.Et geet der Regierung virun allem drëm, deene Leit entgéint ze kommen déi nach net geimpft goufen. Eng exzellent Iddi, seet de Chef vu Bionext, mä net esou, Dany Rasqué
