Clierf: Zanter 8 Auer leeft d'Coupe scolaire

16/06/2021
Clierf: Zanter 8 Auer leeft d'Coupe scolaire
Play

Déi lescht Wochen leeft a villen Gemengen d'Coupe scolaire, wou een en theoreteschen a prakteschen Test maache muss fir erauszefannen op ee sech mam Vëlo gutt genuch auskennt fir op der Strooss ze fueren. Vill Regelen muss een och als jonke Vëlosfuerer beherrschen an an de Stroossen vu Reiler an der Gemeng Clierf gëtt dat de Moien gepréift. Eisen RTL Reporter huet en A op alles a jiddereen. Vum Léierpersonal déi den Tour organiséieren, iwwer d'Police, d'Kanner an och hir Elteren.