De Jugendrapport vun der Uni Lëtzebuerg

17/06/2021
De Jugendrapport vun der Uni Lëtzebuerg
Play

D'Wuelbefannen an d'Gesondheet vun de Jonken tëschent 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg steet am Mëttelpunkt vum Jugendrapport 2020, dee vun der Uni Lëtzebuerg ausgeschafft a gëschter virgestallt gouf. Allgemeng ass et e positiivt Bild: 3 vu 4 Jonke schätzen hir Liewenszefriddenheet op mëttel bis héich an, déi Jonk hunn och e gutt Gesondheetsgefill, besser wéi déi Jore virdrun, an och am internationale Verglach ass Lëtzebuerg am ieweschte Mëttelfeld. Mee, Fanny Kinsch, dat gëllt awer net fir all Jonken.