Moutarderie de Luxembourg - 99 Joer Lëtzebuerger Moschter
17/06/2021

Déi eng hunn en am léifsten op der Grillwurscht, déi aner maachen en an d'Vinaigrette fir op d'Zalot, an da ginn et der nach déi en als Zooss einfach iwwer d'Gromper schëdden. Gemengt ass de Moschter. Séisslech mëll, oder léiwer schaarf a gehäerzt, d'Würzmëttel kann een op vill Manéieren asetzen. Mir kucken eis haut mol un, wéi a wou en da gemaach gëtt, dofir ass d'Michèle Schons fir eis ënnerwee, Michèle, bei eis gëtt et de Moschter och scho ganz laang?
