Moutarderie de Luxembourg - Vum Kär bis an d'Glas

17/06/2021
Moutarderie de Luxembourg - Vum Kär bis an d'Glas
Play

De Moschter kënnt aus Asien an ass scho viru ronn 3000 Joer a China giess ginn. Dat éischt iwwerliwwert Rezept vum Moschter kënnt vum Réimer Collumella aus dem 1. Joerhonnert no Christus. Am ale Roum sinn d'Moschterkären mat Hunneg an Drauwemost gemëscht ginn, dohier och den Numm Mustum Ardens, wat esouvill heescht wéi brennende Most. Doraus entstanen Nimm wéi Mustard, Moutard, oder Mostrich, a bei eis: Moschter. D'Michèle Schons ass haut Moschterkäre muelen: