Ungareschen Ausseminister ITV Band
22/06/2021

De Futtball Stadion zu München dierf Muer fir den EM Mätsch tëscht Däitschland a Ungarn net a Reebou Faarwe beliicht ginn. Et sollt en Zeeche géint d'Homophobie sinn, esou d'Stad München. E Protest géint e neit Gesetz dat an Ungarn d'Informatiounsrecht beim Thema Homo- an Transsexualitéit fir Jonker verbitt. Aus Ungarn koum fir dës Aktioun vill Kritik. Et géif sech em eng global „fake news“ Campagne handelen, esou den ungareschen Ausseminister Péter Szijjártó (Peter SZI-ARTO) um Bord vum Ausseminister-Treffen am RTL-Interview. Den Tim Morizet mat den Detailer.
