Mam Paulette Lenert ënnerwee: Mat der Gesondheetsministesch an der Villa Louvigny
06/09/2021

De Loïc Juchem war déi lescht Woch mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert ënnerwee an huet hier e bëssen während der Aarbecht iwwert d'Schëller gekuckt. An engems, krute mer awer och d'Méiglechkeet déi Persoun hannert der Politikerin besser kennenzeléieren. D'Ministesch hat sech nämlech och Zäit geholl fir eis e bëssen duerch d'Villa Louvigny ze guidéieren an eis hire Büro ze weisen.
