Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: Corona ass nach net eriwwer

08/09/2021
Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: Corona ass nach net eriwwer
Play

Och déi schéinsten Vakanz geet eng Kéier op en Enn, a fir Schoulkanner a Léierpersonal heescht et vum nächste Mëttwoch un nees "business ass usual". Wuel sinn d'Corona-Regelen an dësem Hierscht anescht wéi d'lescht Joer, awer trotzdeem ass Schoul halen fir Schoulmeeschteren nach ëmmer en anert wéi virun der Pandemie. Eisen RTL-Reporter mellt sech de Moien vun Iechternach wou d'Schoul Mëtt Juli och net vum schwéieren Héichwaasser verschount blouf an dat bedeit fir d'Organisatioun vun der Rentrée och zousätzlech Kappzerbrieches.