Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: vill zousätzlech Aarbecht fir de Portier

08/09/2021
Iechternach preparéiert sech op d'Schoulrentrée: vill zousätzlech Aarbecht fir de Portier
Play

Mëtt Juli war d'Schoul och zu Iechternach just ugelaf, dunn huet et Stonnen a Stonnen an engem Stéck riicht eran gereent an d'Resultat ass bekannt. En historescht Héichwaasser, dat och elo Wochen duerno nach seng Tracen hannerlooss huet, an dat net just an de Käpp. Mir wëllen de Moien erausfannen wéi se an der Abteistad mat där Situatioun ëmginn a wéi se sech op d'Rentrée an enger Woch preparéieren, an eisen RTL Reporter huet elo de Portier vum Gebai bei sech, fir deen dës Zäit alles aneschter wéi Routine dierft sinn?