Wien decidéiert wat Moud ass?

08/09/2021
Wien decidéiert wat Moud ass?
Play

Gëschter huet de sougenannte Fashion Mount ugefaangen. Vun New York iwwer London a Mailand bis op Paräis präsentéiere Moudendesigner weltwäit tëschent dem 7.September an dem 5.Oktober hir Fraekollektiounen a weise wat fir d’Fréijoer a Summerméint 2022 wäert am Trend sinn. Do si mir dann och scho beim Thema: wien decidéiert u sech wat e Fashion Trend ass? A wisou gi grad elo, wou déi meescht vun eis hir Pulloveren a Stiwwelen auspaken, déi summerlech Kollektioune präsentéiert? D’Valeria Wiwinius erkläert.