UNO-Preis fir d'Grand-Duchesse

13/09/2021
UNO-Preis fir d'Grand-Duchesse
Play

D'Grande-Duchesse Maria Teresa gouf e Freideg vun der UNO als "Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits" ausgezeechent. Zu engem Moment, an deem keen iwwert dës Crime geschwat hätt a kee sech dofir responsabel gefillt hätt, hätt d'Grande-Duchesse refuséiert fort ze kucken, sot d'UNO-Spezialbeoptraagte Pramilla Patten, déi hir den Titel iwwerreecht huet. D'Fanny Kinsch huet mat der Grande-Duchesse iwwert hiert Engagement geschwat.