AntiGaspi: Déifferdenger Pléckerten
29/09/2021

Haut um AntiGaspi Dag op RTL hu mer vill Aktiounen a Projete kennegeléiert. E leschte Stopp maache mer elo zu Déifferdeng. Och si hunn d'lescht Joer den AntiGaspi-Präis gewonnen an hire Projet gouf mat enger décker Enveloppe ënnerstëtzt. De Landwirtschaftsministère hat do Projete géint d'Liewensmëttelverschwendung gesicht. De Loïc Juchem war bis op Déifferdeng Friichte plécken.
