AntiGaspi: Eng Kaart mat de Beem wou ee ka Friichte plécken
29/09/2021

Un enger Kaart mat all deene Beem, wou ee ka Friichte plécken goen, schafft Pro-Sud. Dat ass de Syndicat vun den 11 Süd-Gemengen déi zesumme schaffen an sech elo géint Liewensmëttelverschwendung engagéieren. De Loïc Juchem war bis op Schëffleng an ee vun de Bongerten, deen een op dëser interaktiver Kaart wäert fannen, Uebst plécken.
