Coaching fir an d'Pensioun
29/09/2021

Och an d'Pensioun goen wëll geléiert sinn. Einfach esou vun engem Dag op deen aneren ophale mat schaffen ouni e Plang, dat ka mol schif goen. Dofir gëtt et e Pensiouns-Coach, den Henri Feit, zanter zwee an engem hallwe Joer selwer an der Retraite an hien explizéiert wéi een déi Etappe am Liewen am beschten organiséiert.
