Hëllef fir d'Iwwerschwemmungsaffer - Hëllef ass ëmmer nach néideg!

04/10/2021
Hëllef fir d'Iwwerschwemmungsaffer - Hëllef ass ëmmer nach néideg!
Play

An eisem RTL-Wecker geet et haut ëm eng Lëtzebuerger Organisatioun, déi de Weekend am Dall vun der Ahr fir d'Iwwerschwemmungsaffer an déi Leit, déi ëmmer nach bei den Opraumaarbechten hëllefen, gekacht hunn. 18 Tonne Liewensmëttel hunn si mat an d'Rheinlandpfalz geholl a bekäschtege pro Moolzecht ëm 800 hongreg Leit. D'Liewensmëttel sinn e groussen Deel Spende vun Lëtzebuerger Produzenten. Eis RTL-Reporterin Lea Schwartz huet si begleet an Andréck aus der Géigend gesammelt, wou och nach zwee an en hallwe Mount no den Iwwerschwemmungen d'Welt ëmmer nach op der Kopp steet.