Hëllef fir d'Iwwerschwemmungsaffer - Kachen fir 800 Leit
04/10/2021

Eng Lëtzebuerger Amicale war dëse Weekend am Dall vun der Ahr ënnerwee wou d'Iwwerschwemmungen am Summer besonnesch schlëmm waren. Mir hunn schonn héieren, dass ëmmer nach vill Hëllef gebraucht gëtt. Jiddereen esou wéi en kann. Esou och fir d'Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën, si hunn nämlech eng Noutfallkichen. Mat där kënne si fir bis zu 1000 Leit kachen. Meeschtens gëtt si op Fester gebraucht, mee och schonn bei den Iwwerschwemmunge vum Ettelbrécker Spidol ass d'Kichen an den Asaz komm. Iwwer 40 Joer hunn si déi elo schonn an dëse Weekend ass si fir d'Iwwerschwemmungsaffer an d'Aarbechter déi Säit der Grenz geholl ginn. D'Lea Schwartz huet si de Freideg schonn bei der Iessensverdeelung getraff.
