Wat ass d'MaGrid-App?

14/10/2021
Wat ass d'MaGrid-App?
Play

Mathé ass jo esou eng Saach, déi eng haassen et, anerer kennen net genuch dovu kréien. Dacks ass et awer esou, dass Mathé eben net just rechnen ass, mee och eng gewësse Sproochkompetenz verlaangt. Fir Kanner, déi déi Sproch dann nach net oder net esou gutt schwätzen, kann dat zum Handicap ginn. D´MaGrid-App ass vun der Uni Lëtzebuerg entwéckelt ginn an soll Kanner Rechne bäibréngen ouni Sproochen. An domadder hunn si souguer en Präis gewonne mat europäescher Konkurrenz. D´Lea Schwartz huet mat engem vun den Entwéckler geschwat.