Kaartfueren: Do gëtt och trainéiert

30/03/2022
Kaartfueren: Do gëtt och trainéiert
Play

Den RTL Reporter ass de Moie scho gewuer ginn, datt d'Kaarten zu Monnerech um Circuit zimmlech sécher sinn an datt den ACL och an der Lescht an nei Maschinnen investéiert huet. Wann een ze séier ënnerwee ass oder sech net un d'Reegelen hält, da gëtt den "Auto" per Fernsteierung méi lues geschalt. Mat Formel 1 huet et elo net vill ze dinn an awer ass et eng Méiglechkeet fir Motorsportbegeeschteter hirem Wonsch no enger héijer Vitess an engem flotte Fuererliefnes e Séckche méi no ze kommen. De Loïc Juchem hëlt eis dann elo eng leschte Kéier mat op d'Kaartingpist.