Shanghai: En Temoignage aus dem Lockdown
15/04/2022

Leit déi an Masse-Quarantäne-Lager hausen, Kanner déi vun hiren Elteren getrennt ginn an ganz Famillen déi keen Iessen hunn – all dat ass grad Realitéit zu Shanghai, der räichster Stad a China. Eng Realitéit déi verstéiert. An trotzdeem ass näischt dovunner fir Leit, déi an der chinesescher Metropol wunnen, wierklech en Schock. Et ass just ganz einfach en Beweis dofir wéi konsequent an deelweis stuer déi chinesesch Regierung ass, mengt eis Korrespondentin zu Shanghai Anne Wang.
