Körperwelten: Dem mënschleche Kierper méi no kommen...awer net nëmmen
22/04/2022

D'Leeschtung vum mënschleche Kierper ze verstoen, dat ass eng vun de Missioune vun de Körperwelten. Nom Dout gëtt dofir de mënschleche Kierper nom Prinzip vun der Plastinatioun behandelt an da kann een en och schonn ausstellen. Eng Prozedur déi ugangs just fir Medezinsstudente geduecht war, mee et huet ee séier gemierkt datt vill aner Leit och dovunner begeeschtert sinn. Sou sinn dunn d'Körperwelten entstanen. Zu Tréier ass den Ament sou eng Ausstellung, woubäi ee muss e soen, datt een do net nëmme Kierpere vu Mënsche ka bewonneren. Den RTL Reporter ass de Moie sur place a krut ënnert anerem scho gesot, datt et eleng an Däitschland eng 17.000 Kierperspender ginn.
