Körperwelten: "Eine Herzenssache"
22/04/2022

Bis de 17. Juli ass am Messepark zu Tréier d'Ausstellung vu Körperwelten ze gesinn. Et hofft een op 70.000 Visiteuren an et wier een aktuell och um gudde Wee. 15 Kierper sinn do ausgestallt a goufen och an Szene gesat: deen ee spillt Futtball, en anere Schach oder een "plastifizéierten" Kierper ass am Gaang e Féier ze läschen. Da gëtt et och e risege Gorilla do, wou een d'Anatomie vu ganz no ka betruechten. Et muss een awer soen, datt bei dëser Expo d'Häerz am Mëttelpunkt steet - dofir och de Numm "Eine Herzenssache". Den RTL Reporter mellt sech elo eng leschte Kéier vun Tréier.
