Den Invité vun der Redaktioun
28/04/2022

Den President vum Sigi an Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler war de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an do goung et virop ëm d'Digitalisatioun. 1982 gouf den Sigi, de Gemenge-Syndikat fir déi informatesch Gestioun gegrënnt an zanter hir hutt sech vill gedoen. Virun 40 Joer waren 3 Gemengen dran, Wolz, Réimech an Esch-Uelzecht an et gouf kaum e Computer an enger Gemeng oder Verwaltung. Haut sinn et 101 Gemengen an d'Informatik ass net méi ewechzedenken, Annick Goerens.
