Léierplazendag a LuxSkills 2022
02/05/2022

De Moien huet an der LuxExpo "The Box" déi gréissten Schoulfoire opgemaach déi Lëtzebuerg bis dato gesinn huet. Hei kann ee sech informéieren, berode loossen an och selwer verschidden Saachen ausprobéieren an erausfannen wat engem Spaass mécht. Et geet drëms d'Weichen ze stellen vum Aarbechtsliewen an dofir brauch een déi richteg Schoul an Perspektiven wat um Aarbechtsmaart erfuerdert ass a wat bei een passt.Nieft Schoulen presentéieren sech awer och vill Handwierksberuffer live op der Plaz, mat de LuxSkills moossen jonk Handwierker sech matenaner an engem Concours an et kann een och aktiv op d'Sich no senger Léierplaz goen.
