Léierplazendag a LuxSkills 2022

02/05/2022
Léierplazendag a LuxSkills 2022
Play

Op Schoulfoire.lu kann ee sech ukucken wat sech vun haut un a bis e Mëttwoch nach mat op der gréisster Schoulfoire deet, déi Lëtzbuerg bis dato gesinn huet. Et kann ee sech e Bild maachen vun deem wat ee léieren kann, et kann een selwer souguer dat eent oder anert op der Plaz ausprobéieren. Bei de LuxSkills gesäit een awer och wéi richteg geschafft gëtt an et gëtt de Léierplazendag wou een sech mat e bësschen Chance schonn direkt eng Léierplaz fëscht, op där een am Hierscht wann d'Schoul nees ufänkt seng Léier maache kann. Schoul a schaffen kënne Spaass maachen, an dovunner kann ee sech an den Halen 7, 8 an 9 op der LuxExpo "The Box" iwwerzeegen.