Macontraception.lu
10/05/2022

De Cesas, also de Centre national vun der affektiver an sexueller Gesondheet huet dës Woch eng Campagne lancéiert ënnert dem Slogan "Meng Verhütung, mäi Choix". D’Opklärung iwwert déi divers Verhütungsmëttel ass hier Missioun. Et wëll een informéieren an Tabuer briechen. En speziellen Online Site zum Thema gouf dofir och moderniséiert, sou datt een Äntwerten ob eng ganz Panno Plie vu Froen fënnt, an dat neierdéngs an 4 Sproochen. Diana Hoffmann
