An der Oktav: An der Sakristei
16/05/2022

Den RTL Reporter beschäftegt sech haut mat der Oktav. Eng Plaz wou net nëmme Glawen, mee awer och Kultur gelieft gëtt an dofir bedauert een et, dass an de leschte Joren ëmmer manner Kanner de Wee an d‘Kathedral fonnt hunn. Ma et ginn awer och ëmmer nach Jonker, déi sech an der Kierch engagéieren. De Loïc Juchem sëtzt an der Sakristei an huet lo 2 Massendénger bei sech.
