Lafen: Den Direkter vum Nuetsmarathon
27/05/2022

1300 Benevoller brauch ee fir de Nuetsmarathon muer an der Stat kënnen ze organiséieren. No 3 Joer Paus ass et endlech nees souwäit an 12.000 Sportler kënnen duerch d'Stroossen an eiser Stat lafen. Obwuel eng 4.000 Leit manner wei soss un den Depart ginn ass et awer eng Mammutorganisatioun. Eisen RTL Reporter huet eis de Moie schonn e Grupp virgestallt mat dem ee kann 2 Mol d'Woch lafe goen an hien huet de Moien och nach Rendezvous bei engem Sportsdokter. Elo ass et awer mol un der Zäit fir mam Chef vum Nuetsmarathon ze schwätzen, well dëst Joer ginn et och eng Partie Neiegkeeten.
