Lafen: E Rendezvous beim Sportsdokter

27/05/2022
Lafen: E Rendezvous beim Sportsdokter
Play

No 3 Joer Paus ass et muer erëm eng Kéier um Nuetsmarathon. Duerch den Tram ass et och zu villen Ännerungen un der Streck komm, et war gläichzäiteg awer och d'Méiglechkeet fir d'Organisateuren, de Kierchbierg vill méi an de Parcours ze integréieren. Sou lafen all d'Leefer laanscht d'Philharmonie an de Mudam, d'Leefer vum Marathon déi lafen och laanscht de Musée "Dräi Eechelen" a kënnen sou eng fantastesch Vue genéissen. Generell gëtt de Marathon vu Lëtzebuerg als eng vun de schwéierste Coursen ugesinn an dofir ass et och wichteg, datt een dofir och trainéiert an dee Parcours et net op déi liicht Schëller hëlt. De Loïc Juchem ass elo beim Sportsdokter ënnerwee a kritt do puer Tipps fir e Marathon ze preparéieren.