40 Joer Fondatioun Hëllef fir d'Natur - Cornelysmillen
30/05/2022

D'Fondatioun Hëllef fir d'Natur vun Natur&Ëmwelt ass eng Non-Profit-Organisatioun, déi 1982 gegrënnt gouf mam But fir Terrainen ze kafen, Naturreservater z'ënnerhalen an zu schützen, ze sensibiliséieren an z'informéieren a Gelder ze sammelen an ze verwalten, fir dee But kënnen z'erreechen. Haut schwätze mer iwwert déi vereenzelt Gebidder a wat op deem Plang geschitt, dofir ass d'Michèle Schons fir eis am Haus vun der Natur.
