40 Joer Fondatioun Hëllef fir d'Natur - Séisswassermuschel
30/05/2022

Séisswaassermuschele si weder Kuscheldéieren, nach kënne se giess ginn a kréien dohier net esou vill Opmierksamkeet. An awer gehéieren se zu de beschte Bio-Indicateuren am aquatesche Beräich. Wann se an de Gewässer virkommen, ass dat en Zeechen dass d'Waasser an engem gesonden Zoustand ass. Dovunner ass de Mënsch an héijem Mooss ofhängeg. Am Kader vum 40ten Anniversaire vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur schwätze mer och iwwer d'Kaalbermillen, wou där Muschele geziicht ginn, Michèle Schons?
