Premièresexamen: Lo geet et lass

01/06/2022
Premièresexamen: Lo geet et lass
Play

De 17. Mee goungen d‘Ofschlossexamen u fir 3.500 Schüler – 1.600 aus dem Classique an 1.900 aus dem Enseignement Général. Du war eng Woch Vakanz an e Méinde goung den Examensstress weider. Eisen RTL Reporter hëllt ons de Moie mat op Diddeleng an de Lycée a kuckt ënnert anerem de Schüler iwwert d'Schëller. D‘Zejoert louch den Taux de réussite bei ronn 76% an zu Diddeleng hunn d'Enseignanten natierlech och dëst Joer nees versicht de Schüler souvill Wësse wei méiglech mat op de Wee ze ginn. Et war elo déi lescht Wochen un de Jonken an et huet geheescht, léieren, léieren, léieren. De Loïc Juchem war de Méindeg de Moie, virum éischten Examen no der Päischtvakanz, de Bols fillen.